Déi ëffentlech Petitioun Nr. 363 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-07-2014 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 687
Reklassement: ze reklasséieren
Vun ALPHONSE JAERLING
Lëtzebuerg ass en Matgrënnerland vun der Europäescher Unioun, an huet eng eegen Sprooch. Leider ass d'lëtzebuerger Sprooch nët an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen, obwuel all aner Sproochen vun den EU-Staaten an esouguer vu Regiounen an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen sinn. Eng Sprooch ass en integralt Stéck Identitéit an der Onofhängekeet vun engem Land a gehéiert doofir unerkannt, soss gesäit et aus, wéi wann daat Land keng eegen Sprooch hätt. Et geet bei dëser Petitioun nët drëm, fir dass all EU-Texter op lëtzebuergesch iwwersaat ginn, obwuel dass esou eng Fuerderung och legitim wir, well daat och fir all aner EU-Staat de Fall ass, et geet just drëm, dass d'lëtzebuerger Regierung sech endlech doofir asetzt, dass d^lëtzebuerger Sprooch soll europäesch unerkannt ginn, daat ass eng Saach vun nationalem Interessen. Et geet bei dëser Petitioun och nët drëm fir eisen System vun der Dreisproochegkeet a Fro ze stellen, mä eenzeg an eleng em d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.Reklassement: ze reklasséieren
Neie Schlussdatum vun der Kollekt vun Ënnerschrëften: 21-06-2014
Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 09-05-2014 um 0h00
Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-06-2014 um 23h59
Titel vun der Petitioun: Opfuerderung un d'Lëtzebuerger Regierung, fir alles an d'Weeër ze leeden, fir d'Unerkennung vun der lëtzebuerger Sprooch an Europa an hir Aschreiwung an d'Lëscht vun den europäesch unerkannten Sproochen.
Zil vun der Petitioun: Lëtzebuerg ass en Matgrënnerland vun der Europäescher Unioun, an huet eng eegen Sprooch.
Leider ass d'lëtzebuerger Sprooch nët an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen, obwuel all aner Sproochen vun den EU-Staaten an esouguer vu Regiounen an der Lëscht vun den unerkannten europäeschen Sproochen ageschriwwen sinn.
Eng Sprooch ass en integralt Stéck Identitéit an der Onofhängekeet vun engem Land a gehéiert doofir unerkannt, soss gesäit et aus, wéi wann daat Land keng eegen Sprooch hätt.
Et geet bei dëser Petitioun nët drëm, fir dass all EU-Texter op lëtzebuergesch iwwersaat ginn, obwuel dass esou eng Fuerderung och legitim wir, well daat och fir all aner EU-Staat de Fall ass, et geet just drëm, dass d'lëtzebuerger Regierung sech endlech doofir asetzt, dass d^lëtzebuerger Sprooch soll europäesch unerkannt ginn, daat ass eng Saach vun nationalem Interessen.
Et geet bei dëser Petitioun och nët drëm fir eisen System vun der Dreisproochegkeet a Fro ze stellen, mä eenzeg an eleng em d'Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch.
Facebook
Whatsapp
E-Mail