Ëffentlech n°2142

Petitionnär/in: Patrick Hurst

D'viischt Diere vu Linnebusse souwéi déi 2 éischt Sëtzreien déi fir PMR reservéiert si solle nees déblockéiert ginn !

Zil vun der Petitioun

Linnebussen, déi zur öffentlecher Infrastruktur gehéiere, solle fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit nees vollstänneg accessibel ginn, sou wéi se daat virum 15. März 2020 waren!

Motivatioun vun der Petitioun

D’UN-Behënnerterechtskonventioun schreiwt am Artikel 2 de Begrëff vun der Konzeptioun fir jiddereen (Universal Design) fest a garantéiert am Artikel 9 d’Zougänglechkeet vun öffentlechen Infrastrukturen, souwéi d’Recht op perséinlech Autonomie am Artikel 19. D'UN-Konventioun fir Leit mat Behënnerung (UN-CRPD) souwéi dat räzent gestëmmtent Accessibilitéitsgesetz garantéieren all Birger e gläichberechten Zougang zu öffentlecher Infrastruktur!

Dës Petitioun huet net de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht. No Récksprooch mam Petitionär, gouf d'ëffentlech Petitioun an eng einfach Petitioun ëmgewandelt. Einfach Petitioun uweisen.
ofgelaf  17.02.2022
95 /4.500
2%
gesammelt Ënnerschrëften

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
30.03.2022

Ëmklasséierung vun der ëffentlecher Petitioun, déi de Seuil vun 4500 Ënnerschrëften net erreecht huet, an déi ordinär Petitioun Nr. 2142 den 30-03-2022

03.03.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

02.03.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2142 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-03-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 95

02.03.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 95

18.02.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2142 z'ënnerschreiwen ass den 18-02-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 95

07.01.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2142 ka vum 07-01-2022 un ënnerschriwwe ginn

06.01.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

06.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2142 gouf den 06-01-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 07-01-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 17-02-2022 um 23h59

05.01.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 05-01-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2142 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

07.12.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2142 gouf den 07-12-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: D'viischt Diere vu Linnebusse souwéi déi 2 éischt Sëtzreien déi fir PMR reservéiert si solle nees déblockéiert ginn !

Zil vun der Petitioun: Linnebussen, déi zur öffentlecher Infrastruktur gehéiere, solle fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit nees vollstänneg accessibel ginn, sou wéi se daat virum 15. März 2020 waren!

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D’UN-Behënnerterechtskonventioun schreiwt am Artikel 2 de Begrëff vun der Konzeptioun fir jiddereen (Universal Design) fest a garantéiert am Artikel 9 d’Zougänglechkeet vun öffentlechen Infrastrukturen, souwéi d’Recht op perséinlech Autonomie am Artikel 19. D'UN-Konventioun fir Leit mat Behënnerung (UN-CRPD) souwéi dat räzent gestëmmtent Accessibilitéitsgesetz garantéieren all Birger e gläichberechten Zougang zu öffentlecher Infrastruktur!