Ëffentlech n°2481

Petitionnär/in: Gérard Koneczny

Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer

Zil vun der Petitioun

Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht. Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen: (Beispiller ) Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn. Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, ... méi

ofgelaf  29.12.2022
38 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
14.03.2023

Deklaratioun vun der Cloture

02.03.2023

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2481 ass den 02-03-2023 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

12.01.2023

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

11.01.2023

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2481 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 11-01-2023 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 38

11.01.2023

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 38

30.12.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2481 z'ënnerschreiwen ass den 30-12-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 38

18.11.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2481 ka vum 18-11-2022 un ënnerschriwwe ginn

18.11.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

17.11.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2481 gouf den 17-11-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 18-11-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-12-2022 um 23h59

16.11.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 16-11-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2481 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

06.10.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2481 gouf den 06-10-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Upassen vun den "Avertissements Taxés" Tariffer

Zil vun der Petitioun: Upassen vun den "Avertissement Taxés" Tariffer un Deierecht.

Säit ville Joeren sinn verschidden AT'en ( parken / stationéieren / Vitesse ) net méi ugepasst ginn. D’Iwwerschreiden vun der Zäit beim Stationnéieren ass seguer vun 49€ op 24€ erof gaang. Am Verglach dozou ass den Index awer ëm 50% an d'Luucht gaang. Vun ronn 603 op 918 Punkten. Dëst ermontert den Automobilist, awer och de Vëlosfuerer an de Foussgänger méi esou Verstéiss géint de Code de la Route ze maachen; et gëtt jo net méi deier, mee méi bëlleg. Fir déi meescht sinn dat Kavaléiersdelikter déi een sech “leeschte” kann.

D'Chance "erwëscht" ze ginn ass zimmlech kleng an onsem Land.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: E Liewen ass e Liewen. En Doudegen kann een net méi "lieweg" maachen. Fir de Verkéier méi sécher ze maachen sollen:

(Beispiller )

 

Verstéiss géint Parken a Stationéieren verduebelt ( an opgeronnt ) ginn.

 

Stationéieren um Trottoir / ZebraSträifen / BusArrêten a besonnesch béi Schoulen, an 2ter Réi an op VelosPisten verdräifacht ginn.

 

Bei méi klenge Vitess-Verstéiss ( 5 km ) soll een näischt méi musse bezuelen. Dat géif et erlaben e Camion op enger Streck gemittlech ze iwwerhuelen wou e StreckeRadar ass, ouni dass een da mat 94km/h en AT heemgeschéckt kritt.( Tunnel Autobunn )

 

Tëscht 6 an 10 km 75 EUR

Tëscht 11 an 20 km 150 EUR

Tëscht 21 an 40 km 300 EUR

Iwwert 40 km 600 EUR

 

Béi engem "Recidive" ab 40 km soll d'Saach op d'Geriicht goen. Strofen um Geriicht sollen och vill méi héich ausfalen.

 

An den 30er an 20er Zonen sollen ausserdeem och ëmmer Punkten ofgezu ginn.