Ëffentlech n°2209

Petitionnär/in: Alain Gales

Dringend Verstärkung vun der Secherheet op der Escher Gare. Net just an der Gare , mee och intensiv op der Busgare zu Esch. De Busdingscht as bedingungslos der Kriminaliteit ausgesat. Gefuedert gin Kameraiwwerwachung, permanent Secherheetspatrullen a méi Police- Präsenz zum Schutz vu Fuerpersonal a Bevölkerung!

Zil vun der Petitioun

D' Secherheet op der Escher Gare as aktuell net gin. Souwuel d' Awunner, d' Reesender, d' Bus- an Taxichauffeuren wéi och d' Schüler an all aner Persoun as emmer gréisserer Kriminalitéit op der Escher Gare ausgesat! Zil as et, déi öffentlech Zuch- a Busgare zu Esch Uelzecht méi secher fir ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Déi Zweetgréisst Stad aus dem Land muss endlech fräi vun Kriminalitéit a Gewalt gin. D' Leit mussen sech kennen fräi, ouni Angscht an Panik kennen op dem Parvis, der Busgare an dem ganzen Rayon zu Esch bewegen. Ouni Liewensgefor, ouni Angscht!

ofgelaf  24.03.2022
171 /4.500
4%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
29.06.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
22.06.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2209 ass den 22-06-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

28.04.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

27.04.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2209 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 27-04-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 171

27.04.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 171

25.03.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2209 z'ënnerschreiwen ass den 25-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 171

11.02.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2209 ka vum 11-02-2022 un ënnerschriwwe ginn

09.02.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

09.02.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2209 gouf den 09-02-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-02-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-03-2022 um 23h59

09.02.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-02-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2209 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

21.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2209 gouf den 21-01-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Dringend Verstärkung vun der Secherheet op der Escher Gare.

Net just an der Gare , mee och intensiv op der Busgare zu Esch.

De Busdingscht as bedingungslos der Kriminaliteit ausgesat.

Gefuedert gin Kameraiwwerwachung, permanent Secherheetspatrullen a méi Police- Präsenz zum Schutz vu Fuerpersonal a Bevölkerung!

Zil vun der Petitioun: D' Secherheet op der Escher Gare as aktuell net gin. Souwuel d' Awunner, d' Reesender, d' Bus- an Taxichauffeuren wéi och d' Schüler an all aner Persoun as emmer gréisserer Kriminalitéit op der Escher Gare ausgesat!

Zil as et, déi öffentlech Zuch- a Busgare zu Esch Uelzecht méi secher fir jiddereen ze man.

Regelméisseg Policepräsenz, Secherheetsgefill fir all Mensch, Ennerbannung vu Gewalt geint d' Bus- an Taxi- Fuerpersonal, Secherheet fir jonk an Al.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Déi Zweetgréisst Stad aus dem Land muss endlech fräi vun Kriminalitéit a Gewalt gin.

D' Leit mussen sech kennen fräi, ouni Angscht an Panik kennen op dem Parvis, der Busgare an dem ganzen Rayon zu Esch bewegen.

Ouni Liewensgefor, ouni Angscht!