Ëffentlech n°2203

Petitionnär/in: Alain Lorang

Géint eng systematesch Erhéijung vum Mindestloun ouni och déi aaner Salariéen gläichwerteg ze behandelen.

Zil vun der Petitioun

Déi an deenen leschten Joren systematesch Erhéijung vum Mindestloun dreift e Gruef tëschent Mindestlounempfänger an déi aner Salariéen. De Pourcentage, an deem de Mindestloun iwwert déi lescht Joren geklommen ass, steet a kengem Rapport zu den Indexerhéijungen op de Paien. Grad am privaten ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Die Anzahl der im privaten Sektor arbeitenden Arbeitnehmer, die mehr als den Mindestlohn verdienen ist in Luxemburg hoch. Die Löhne stagnieren aber oft jahrelang auf dem gleichen Niveau. Dagegen wird der Mindestlohn regelmässig erhöht, und das in einem nicht im Verhältnis zu den durch die ... méi

ofgelaf  24.03.2022
32 /4.500
1%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
29.06.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
22.06.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2203 ass den 22-06-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

28.04.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

27.04.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2203 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 27-04-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 32

27.04.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 32

25.03.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2203 z'ënnerschreiwen ass den 25-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 32

11.02.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2203 ka vum 11-02-2022 un ënnerschriwwe ginn

09.02.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

09.02.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2203 gouf den 09-02-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-02-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-03-2022 um 23h59

09.02.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-02-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2203 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

20.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2203 gouf den 20-01-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Géint eng systematesch Erhéijung vum Mindestloun ouni och déi aaner Salariéen gläichwerteg ze behandelen.

Zil vun der Petitioun: Déi an deenen leschten Joren systematesch Erhéijung vum Mindestloun dreift e Gruef tëschent Mindestlounempfänger an déi aner Salariéen. De Pourcentage, an deem de Mindestloun iwwert déi lescht Joren geklommen ass, steet a kengem Rapport zu den Indexerhéijungen op de Paien.

 

Grad am privaten Secteur kréien Leit jorelaang keng Erhéijungen ausser dem Index. Den Ënnerscheed tëscht dem Mindestloun an de Paien vun héich qualifizéierten Salariéen schrumpft dofir ëmmer méi an engem net tolerabelen Niveau.

 

Ausserdeem handelt et sech bei der aktueller Virgoensweis ëm en Verstouss vum Egaliteitsprinzip. Hei gëtt ganz kloer eng gewëssen Partie vun de Salariéen op Käschten vun deenen aneren bevirzucht.

 

Dofir gin et nëmmen zwou Léisungen.

1. Déi ongerecht, ausserhalb vun den Indexerhéijungen, Mindestlounerhéijungen direkt stoppen

oder

2. Eng Gläichberechtegung vun allen Salariéen, dat heescht, dass och all déi, déi net Mindestlounempfänger sinn, bei sou Erheijungen gläich behandelt gin.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Die Anzahl der im privaten Sektor arbeitenden Arbeitnehmer, die mehr als den Mindestlohn verdienen ist in Luxemburg hoch. Die Löhne stagnieren aber oft jahrelang auf dem gleichen Niveau. Dagegen wird der Mindestlohn regelmässig erhöht, und das in einem nicht im Verhältnis zu den durch die Indexierung der Löhne entstehenden Erhöhungen. Dies ist ein Verstoß gegen das Egalitätsprinzip.

Der eine kriegt automatisch Geschenke während bei dem Anderen der Lohn stagniert. Der Unterschied zwischen Mindestlohn und Einkommen eines hochqualifizierten Spezialisten schrumpft dadurch immer mehr.

Dies kann auf Dauer nur zu sozialem Unmut führen. Das System muss also abgeschafft oder gleichberechtigend adaptiert werden