Ëffentlech n°2202

Petitionnär/in: Luca Donner

Manner Käschten fir laktose- an glutenfräi Produkter

Zil vun der Petitioun

Ech sinn dofir, dass d'Präisser vun Laktosefräi an Glutefräi Produiten adaptéiert sollen ginn. Ech sinn net domat averstanen dass Léit déi eng Intoleranz op Liewensmëttel hunn sollen nach dofir bestrooft ginn déi un enger Intoleranz leiden.

Motivatioun vun der Petitioun

D'Zil vun der Petitioun ass d'Aféieren vun Subsiden fir déi Léit déi eng Intoleranz op Liewensmëttel hunn oder d'Adaptatioun vun den Präisser, wëll déi sinn deelweis net ze bezuelen. Falls et soll iwwert Subsiden lafen, dann soll déi betraffen Persoun en Certificat vun sengem Dokter kréien ... méi

ofgelaf  24.03.2022
139 /4.500
3%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
29.06.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
22.06.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2202 ass den 22-06-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

28.04.2022

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

27.04.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2202 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 27-04-2022 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 139

27.04.2022

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 139

25.03.2022

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2202 z'ënnerschreiwen ass den 25-03-2022 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 139

11.02.2022

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2202 ka vum 11-02-2022 un ënnerschriwwe ginn

09.02.2022

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

09.02.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2202 gouf den 09-02-2022 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 11-02-2022 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 24-03-2022 um 23h59

09.02.2022

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 09-02-2022 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2202 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

20.01.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2202 gouf den 20-01-2022 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Manner Käschten fir laktose- an glutenfräi Produkter

Zil vun der Petitioun: Ech sinn dofir, dass d'Präisser vun Laktosefräi an Glutefräi Produiten adaptéiert sollen ginn. Ech sinn net domat averstanen dass Léit déi eng Intoleranz op Liewensmëttel hunn sollen nach dofir bestrooft ginn déi un enger Intoleranz leiden.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: D'Zil vun der Petitioun ass d'Aféieren vun Subsiden fir déi Léit déi eng Intoleranz op Liewensmëttel hunn oder d'Adaptatioun vun den Präisser, wëll déi sinn deelweis net ze bezuelen. Falls et soll iwwert Subsiden lafen, dann soll déi betraffen Persoun en Certificat vun sengem Dokter kréien fir dat ze beleeën. Wann dir d'Präisser mol kuckt ass en kléngt Dëppchen Laktosefräi Ram mei deier wei eng 500 ml Ram.