Ëffentlech n°2037

Petitionnär/in: Gérard Koneczny

Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

Zil vun der Petitioun

E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen. Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter. Méi Secherheet bei ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn. Déi "Toleranz" vun 3km/h ... méi

ofgelaf  29.11.2021
288 /4.500
6%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
11.03.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2037 ass den 02-03-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

14.12.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2037 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-12-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 288

14.12.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 288

30.11.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 2037 z'ënnerschreiwen ass den 30-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 288

19.10.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 2037 ka vum 19-10-2021 un ënnerschriwwe ginn

18.10.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

14.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2037 gouf den 14-10-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 19-10-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 29-11-2021 um 23h59

13.10.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-10-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 2037 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

05.10.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 2037 gouf den 05-10-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Upassen vun der Vitess-Toleranz bei de Radaren. Erhéijen vu verschiddenen AT'en bei der Vitesse, an aner Verstéiss.

Zil vun der Petitioun: E méi gerecht Behandelen vu Léit déi esou just géint VitessLimitatioun verstouss hunn

Dofir e méi strengt Bestroofen vun Léit déi mengen de "Rambo" missen erauszeloossen.

Méi Secherheet op onse Stroossen dofir en Upassen vu Stroofen fir verschidde Kavaléiersdelikter.

Méi Secherheet bei onse Schoulen.

 

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Vill zevill Automobilisten bezuelen wéinst engem minimalen Dépasséieren vun der Vitesse ëm 1km 49EUR. Dëst ass zimlech ongerecht. Fir ons Verwaltung ass et egal op dat 1km/h oder 20km/h sinn. Fir ons Verwaltung ass et och egal op dat 21km/h oder 60km/h a méi sinn.

Déi "Toleranz" vun 3km/h ass un sech eng "technesch Ongenauegkeet". Esou eng Ongenauegkeet ass vu villen Saachen ofhängeg.

An onsen Nopeschlänner gëtt et eng Toleranz vun mindestens 5km/h.

Dofir sollt déi Toleranzgrenz op 6 km rop goen. Dat sinn 3 km technesch Toleranz an 3km VerwaltungsToleranz. Am Géigenzuch sollen awer d'Strofen an d'Luucht goen bei esou engem Verstouss.

Fir déi éischt 4km iwwert déi dann "toleréiert" soll et 50EUR kaschten ( ab 56, 76, 96 ).

Fir Verstéiss ab 10km soll et 75EUR kaschten + 1 Punkt bei de Schoulen.

15km "ze schnell" sinn vill bei enger Schoul; dofir sinn 49EUR net genuch.

Fir Verstéiss ab 20km soll et 150EUR kaschten; ab 30km soll et 200EUR sinn.

Fir Verstéiss déi méi grouss sinn wéi 40km soll et 500EUR kaschten.

E Recidive innerhalb vun 3 Méint soll jeeweils dat duebelt kaschten.

Ab 60km doriwwer soll d'Geriicht entscheeden.

D'Ofstellen (Stationnéieren) / d'Unhalen um Trottoir bei Schoulen soll 75EUR kaschten; dëst wëll doduerch ëmmer Kanner an Gefor bruecht ginn. Ganz dacks mussen d'Kanner dann op d'Strooss auswäichen.

D'Vitesse bei Schoulen déi un enger (Haapt)-Strooss léien soll automatesch op 30km/h rofgoen tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes. Souwäit se souwéisou net an enger 30er Zone sinn.

E Camions-Iwwerhuelverbuet op Autobunnen zu gewëssen Zäiten ass jo méiglech, da misst eng Vitessemodulatioun och méiglech sinn.

Bei der Schoul / Gemeng zu Wëntger soll tëscht 07:00 Auer Moies an 19:00 Auer Owes en 50km gëllen. Och wann d'Schoul wäit weg ass, kann sech ëmmer e Kand dohi verlafen. Distanz vun den UertsTafelen mam "50" zu den éischten Haiser soll vun 100m (max) elo op 50 bis 150m gesat ginn. Domat géifen verschidden Awunner méi geschützt ginn.