Ëffentlech n°1982

Petitionnär/in: Steve Hoffmann

Een Recht fir Kanner op eng Plaz am Foyer Scolaire/Maison Relais

Zil vun der Petitioun

Ziil vun der Petitioun ass et datt all Kand soll een Recht hun op eng Plaatz am Foyer Scolaire/Maison Relais, an enger Zait wou ganz oft beid Elteren mussen schaffen goen fir de Stoot, soll jiddereen dei meiglechkeet hun. Och Elteren dei op der Sich sin no enger Aarbecht, et soll keen Kand ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

All Elteren sin vun deser Petitioun betraff, well een emmer erem heiert vun verschiddenen Art a Weisen wei Elteren eng Plaatz kreien oder och net, och sollen Kanner zb eng Plaatz kennen kreien dei während dem Joer Gemeng wiesselen, well och dess Kanner hun een Recht dorobber an och deenen ... méi

ofgelaf  08.11.2021
667 /4.500
15%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
11.03.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1982 ass den 02-03-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

14.12.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1982 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-12-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 667

14.12.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 667

09.11.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1982 z'ënnerschreiwen ass den 09-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 667

28.09.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1982 ka vum 28-09-2021 un ënnerschriwwe ginn

28.09.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

24.09.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1982 gouf den 24-09-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-09-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-11-2021 um 23h59

22.09.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1982 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

17.08.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1982 gouf den 17-08-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Een Recht fir Kanner op eng Plaz am Foyer Scolaire/Maison Relais

Zil vun der Petitioun: Ziil vun der Petitioun ass et datt all Kand soll een Recht hun op eng Plaatz am Foyer Scolaire/Maison Relais, an enger Zait wou ganz oft beid Elteren mussen schaffen goen fir de Stoot, soll jiddereen dei meiglechkeet hun. Och Elteren dei op der Sich sin no enger Aarbecht, et soll keen Kand ausgegrenzt gin. Et soll och all Kand een Recht op eng Plaatz hun bis den Alter vun 12 Joer, respektiv soulaang wei Kand an der Primärschoul ass.

Et kenn net sin datt Kanner mussen stonnenlaang alleng doheemsetzen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: All Elteren sin vun deser Petitioun betraff, well een emmer erem heiert vun verschiddenen Art a Weisen wei Elteren eng Plaatz kreien oder och net, och sollen Kanner zb eng Plaatz kennen kreien dei während dem Joer Gemeng wiesselen, well och dess Kanner hun een Recht dorobber an och deenen hier Elteren schaffen wei ganz vill Elteren.

Et sollen keng Kanner ausgegrenzt gin.

Politik huet de Choix geholl fir Allocatioun d'éducation oofzeschaffen, wou nach Elteren doheem bliwwen sin fir no hieren Kanner ze kuken, dann mussen se ELO och garanteieren, datt Kanner kennen versuergt gin, wann Elteren schaffen oder op der Sich no enger Aarbecht sin.