Ëffentlech n°1980

Petitionnär/in: Sonja Kohl

Fräiheet fir d'Covid-19 Geimpfter an dovun geheelte Leit

Zil vun der Petitioun

D'Zil ass en normalen Alldag zréck ze kréien. Leit, di de Covid19 Virus iwerstaan hun an erem gesond sin, grad wi all di Leit di sech impfen gelooss hun, sollen domadder belount gin, erem en normalt Liewen féieren ze dierfen. Daat heescht, et muss een keng Mask mi droen, wann een net well. ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

Et gin esou vill Impfgéigner a Verschwörungstheoretiker. Et as net richteg, dat Leit, di och duerch esou Persounen ugestach a vill krank gi sin, elo nach virun sech wéint deenen aschränken mussen. Soulaang och PCR-Tester souwéi déi an den Restauranten belleg sin, wärt et kee Fortschrett an ... méi

ofgelaf  08.11.2021
362 /4.500
8%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
11.03.2022

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1980 ass den 02-03-2022 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

14.12.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1980 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 14-12-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 362

14.12.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 362

09.11.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1980 z'ënnerschreiwen ass den 09-11-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 362

28.09.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1980 ka vum 28-09-2021 un ënnerschriwwe ginn

28.09.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

24.09.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1980 gouf den 24-09-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 28-09-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 08-11-2021 um 23h59

22.09.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 22-09-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1980 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

16.08.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1980 gouf den 16-08-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fräiheet fir d'Covid-19 Geimpfter an dovun geheelte Leit

Zil vun der Petitioun: D'Zil ass en normalen Alldag zréck ze kréien. Leit, di de Covid19 Virus iwerstaan hun an erem gesond sin, grad wi all di Leit di sech impfen gelooss hun, sollen domadder belount gin, erem en normalt Liewen féieren ze dierfen. Daat heescht, et muss een keng Mask mi droen, wann een net well. Hänn désinfizéieren soll bleiwen; as och géint aner Bakterien eng gesond Moossnaam. Jidferéen huet jo den Impfpass kritt, a soll deen emmer bei sech féieren.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Et gin esou vill Impfgéigner a Verschwörungstheoretiker. Et as net richteg, dat Leit, di och duerch esou Persounen ugestach a vill krank gi sin, elo nach virun sech wéint deenen aschränken mussen. Soulaang och PCR-Tester souwéi déi an den Restauranten belleg sin, wärt et kee Fortschrett an en normalt Liewen gin. Dest as eng Bestrofung fir jidferéen, deen sech dem Risiko vun der Impfung gestallt huet, doduerch och richteg krank gin as, mee et fir séng Fräiheet erem ze kréien, a Kaaf geholl huet.