Ëffentlech n°1844

Petitionnär/in: Gabrielle Koeune

De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

Zil vun der Petitioun

Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun ... méi

Motivatioun vun der Petitioun

E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen. D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt ... méi

ofgelaf  13.05.2021
11 /4.500
0%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
19.07.2021

Deklaratioun vun der Cloture

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
07.07.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1844 ass den 07-07-2021 ofgeschloss ginn

Motivatioun vun der Cloture: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

03.06.2021

Ufro fir d'Weiderféieren vun der Petitioun a Form vun enger einfacher Petitioun

02.06.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1844 huet de Seuil vu 4500 Ënnerschrëfte bis den 02-06-2021 net erreecht - Zuel vun den Ënnerschrëften no der Validatioun: 11

02.06.2021

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 11

14.05.2021

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1844 z'ënnerschreiwen ass den 14-05-2021 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 11

02.04.2021

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1844 ka vum 02-04-2021 un ënnerschriwwe ginn

02.04.2021

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

01.04.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1844 gouf den 01-04-2021 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 02-04-2021 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 13-05-2021 um 23h59

31.03.2021

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 31-03-2021 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1844 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

18.03.2021

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1844 gouf den 18-03-2021 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: De Stat soll der Croix Rouge d'Biirtrenger Schlass oder eng anert geegent Baulechkeet ofkafen an doraus dräi Beräicher schafen: 1) en Erhuelungsheem fir elengerzéiend Elterendeler a Mammen, 2) e Wunnberäich mat klenge Wunnengen fir Familles monoparentales zu genschtege Loyeren an 3) eng Crêche mat Maison Relais, fir den Elengerzéienden d'Méiglechket ze gin, schaffen ze goen an fräi Zäitreim ze hun

 

Zil vun der Petitioun: Zil ass, di Elengerzéiend an d'Mammen ze entlaaschten. Béid mussen an dene meeschte Fäll den Haushalt an d'Kannererzéiung quasi eleng schaffen. Dat ass eng enorm Belaaschtung, déi an eiser Gesellschaft aktuell weder bezuelt nach honoréiert get. An den Zäite vu Covid-19 huet des Situatioun sech nach verschärft. Wat di Elengerzéiend (familles monoparentales) betrefft, sou liewen si oft un der Aarmutsgrenz, hun opgrond vun de Kanner (Betreiung, Krankhet vun de Kanner) um Aarbechtsmaart manner gudd Chancen a stellen sech selwer an hir Gesondhet ganz un de Schluss. Och hir Chancen, eng passabel a bezuelbar Wunneng ze fannen sin net esou grouss. Doniewent hun d'Kanner net d'Méiglechket, ze spillen an Natur ze genéissen. Dofir wier de Park, dee ronderem d'Schlass ass, optimal a Gesellschaft hätten se och, sou datt se Sozialkompetenze léieren.

D'Croix Rouge kéint mat dem Geld aus dem Verkaf aner Projeten an d'Liewe ruffen oder ausbauen.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: E Land ass net nemmen eng Economie, Geld a Betriiber; e Land, dat ass virun allem seng Bevölkerung. Déi MENSCHEN, déi an dem Land liewen.

 

D'Basis dovun sin di vill Mammen an elengerzéiend Elterendeler, déi meeschtens op hir egen Wensch verzichten, fir datt et (op mannst) de Kanner gutt get.

 

Leider get dat aktuell weder finanziell nach soss wéi honoréiert an oft féiert hir multipel Belaaschtung dozou, datt hir Gesondhet drenner leid a si weder Geld nach Zäit fir sech selwer an Sozialkontakter hun. Besonnesch d'Familles monoparentales sin an enger ganz erausfuerdernder Situatioun, an dat op villen Niveauen.

 

Letzebuerg ass e räicht Land a soll seng sozial Verantwortung iwwerhuelen.