Ëffentlech n°1156

Petitionnär/in: Mike Clemens

Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Zil vun der Petitioun

D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Motivatioun vun der Petitioun

Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat ... méi

ofgelaf  31.01.2019
6562 /4.500
100%
gesammelt Ënnerschrëften

Petitioun deelen

D’Etappe vun dëser Petitioun

Icon process
08.01.2020

E Meenungsaustausch war den 08-01-2020 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1156

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
27.11.2019

E Meenungsaustausch war den 27-11-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1156

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
05.07.2019

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1156 gouf den 05-07-2019 an d’Fachkommissioun weidergeleed

Parlamentaresch Kommissiounen: Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Energie et de l'Aménagement du territoire

05.07.2019

En ëffentlechen Debat an der Kommissioun war den 05-07-2019 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1156

Procès-verbaux vun de Reuniounen Procès-verbaux vun de Reuniounen
14.02.2019

Validéiert elektronesch Ënnerschrëften : 6562

14.02.2019

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1156 huet den 14-02-2019 de Seuil vu 4500 Ënnerschrëften erreecht

31.01.2019

Den Delai fir déi ëffentlech Petitioun Nr. 1156 z'ënnerschreiwen ass den 31-01-2019 ofgelaf - Zuel vun den elektroneschen Ënnerschrëfte virun der Validatioun : 6752

20.12.2018

Déi ëffentlech Petitioun Nr. 1156 ka vum 20-12-2018 un ënnerschriwwe ginn

20.12.2018

Deklaratioun vun der Recevabilitéit

17.12.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1156 gouf den 17-12-2018 vun der Presidentekonferenz als recevabel deklaréiert.

Recevabilitéit: recevabel

Ufank vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 20-12-2018 um 0h00

Schluss vun der Kollekt vun Ënnerschrëften : 31-01-2019 um 23h59

13.12.2018

Den Avis vun der Petitiounskommissioun vum 13-12-2018 iwwert d'ëffentlech Petitioun Nr. 1156 ass positiv

Avis vun der Petitiounskommissioun: positiv

23.11.2018

D'ëffentlech Petitioun Nr. 1156 gouf den 23-11-2018 deposéiert.

Titel vun der Petitioun: Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Zil vun der Petitioun: D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Motivatioun vum generellen Interesse vun der Petitioun: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden.

Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet.

Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.