Public n°2382

Petitioner: Sacha André

Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz

Purpose of the petition

Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn. En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem ... more

Reasons for the petition

Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt. ... more

ended  23.08.2022
1234 /4.500
27%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
18.11.2022

Closing statement

16.11.2022

The public petition n°2382 is closed on 16-11-2022

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

06.10.2022

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

05.10.2022

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2382, on 05-10-02022 - Number of signatures after validation: 1234

05.10.2022

Validated electronic signatures: 1226

24.08.2022

The period for signing the public petition n°. 2382 is closed on 24-08-2022 - Number of electronic signatures before validation: 1226

23.08.2022

Validated paper signatures: 8

13.07.2022

The public petition n°2382 is open for signature, on 13-07-2022

13.07.2022

Statement of admissibility

12.07.2022

The public petition n°2382 is declared admissible by the Conference of Presidents on 12-07-2022

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 13-07-2022 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 23-08-2022 at 11:59 p.m.

11.07.2022

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2382, on 11-07-2022

Opinion of the Committee on Petitions: positive

24.06.2022

The petition public n°2382 is submitted the 24-06-2022

Title of the petition: Fir en nationale Plang fir d'Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz

Aim of the petition: Säit 2018 huet Lëtzebuerg en neit Déiereschutzgesetz. Leider muss ee feststellen, dass et nach net flächendeckend ëmgesat oder kontrolléiert ka ginn.

En nationalen Ëmsetzungsplang zur Sensibiliséierung vun de Bierger an och zur Ënnerstetzung vun den Déiereschutzassociatiounen, déi an deem Beräich eng wäertvoll Aarbecht leeschte géif hëllefen, dass d'Gesetz esou wéi et virgesinn ass kann.

gräifeZum engem Plang gehéiert et och ze kucken, wéi een adequat an allen Regioune vum Land kann. Et fällt op, dass et am Norden, Osten a Weste vum Land keng Infrastrukture gëtt . Déierenasiler konzentréieren sech op de Minett an hannert der Staat gëtt et keng méi.

Motivation of the general interest of the petition: Et kann ee feststellen, dass a verschidde Beräicher no 4 Joer d'Déiereschutzgesetz nach net wierkt. Nach ëmmer, fir ee Beispill ze nennen, si vill fräilafend Kazen, weder gechippt, nach steriliséiert oder kastréiert. Och bei den Hënn sinn net ëmmer all am Gesetz opgelëschte Punkten erfëllt.

Déiereschutzorganisatiounen huelen sech oft der Saach un, dëst ass mat villen Onkäschte verbonnen. Verschidde Gemengen ënnerstëtzen hier Awunner oder Associatiounen a deem Kontext mat enger finanzieller Hëllef, mee leider ass dat net iwwerall de Fall. Um nationale Plang e Projet ze entwéckelen, dee vun allen Gemengen ëmgesat misst ginn, ass do e wichtegen Usaz.

Fir d'Problemer konkret an aktiv ze léisen ass en nationale Plang néideg, wou Bierger sensibiliséiert an opgekläert ginn an se och wann néideg Ënnerstëtzung kréien.

An deem Kontext ass et och wichteg ze kucken, wéi eng Ressourcen oder Infrastrukturen an all Regioun vum Land gebraucht ginn, fir konkret an zilorientéiert agéieren ze kennen.