Public n°2623

Petitioner: Gérard Koneczny

En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Purpose of the petition

Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere ... more

Reasons for the petition

Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen. D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm ... more

ended  24.04.2023
12 /4.500
0%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
28.06.2023

Closing statement

26.06.2023

The public petition n°2623 is closed on 26-06-2023

Reason for closure: Suite au souhait du pétitionnaire en faveur d'une clôture de sa pétition publique

10.05.2023

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

10.05.2023

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2623, on 10-05-02023 - Number of signatures after validation: 12

10.05.2023

Validated electronic signatures: 12

25.04.2023

The period for signing the public petition n°. 2623 is closed on 25-04-2023 - Number of electronic signatures before validation: 12

14.03.2023

The public petition n°2623 is open for signature, on 14-03-2023

13.03.2023

Statement of admissibility

13.03.2023

The public petition n°2623 is declared admissible by the Conference of Presidents on 13-03-2023

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 14-03-2023 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 24-04-2023 at 11:59 p.m.

10.03.2023

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2623, on 10-03-2023

Opinion of the Committee on Petitions: positive

31.01.2023

The petition public n°2623 is submitted the 31-01-2023

Title of the petition: En eventuellen Iwwerschoss vum Budget 2023 a Bau Moosnamen fir de Logement investéieren an net a Steier Moossnamen déi just kuerzfristeg géifen wierken.

Aim of the petition: Et ass schonns verwonnerlech dass ons Regierung esou kuerz virun de Walen feststellt dass se 500.000.000€ am Budget méi huet wéi geplangt, an déi elo dem Steierzueler iwwert verschidde Mossnamen wéi zum Beispill e “Crédit Impôt” erëm wëll ginn. Esou Mossnamen hu leider viru Walen e “battere Bäigeschmaach”.

 

Et wier méi sënnvoll déi Suen a BauMossnamen ze investéieren. Mat 500.000.000€ kéint de Staat an den nächsten 2 Joer uechter d'Land op Gemengen- an / oder StaatsTerrain Logementer bauen fir déi aktuell Logementskriis lues a lues an de Grëff ze kréien. Mat deenen Suen kéint een an d'Zukunft investéieren, eng Zukunft fir ons Kanner.

Wëll jo keen Bauterrain muss bezuelt ginn, wier et méiglech e soziale Loyer ze froen. Hien misst sech nom Verdéngscht riichten. En Deel vun deenen Haiser kéint och am Sënn vu Fraen-Haiser oder anere sozialen Ariichtunge gebaut ginn. Dëst wier e weidere Schrëtt an eng sozial Richtung.

 

Déi Haiser / Appartementer sollen a staatlecher Hand bleiwen an d’Gemenge sollen déi zesumme verwalten. Domat géif de Staat an Zukunft investéieren, wëll doduerch Loyer erakënnt mat deem weider Haiser / Appartementer kënne gebaut ginn.

Motivation of the general interest of the petition: Déi Leit, déi mam Mindestloun oder e bëssi driwwer musse liewen, egal ob et de kalifzéierten ass oder net hu Problemer "dezent" ze liewen wann se e Loyer vun bis 1.800€ missten bezuelen.

D’Moyenne vun engem Loyer am Land läit 2022 bei 1479€; dêst laut «Observatoir de l’Habitat.» Ronderëm d’Stad kann en och schonns mol bis op 1.800€ eropgoen.

Daat si ganz vill Suen fir een deen just de Mindestloun oder e bëssi driwwer verdéngt. Do muss all Mount de „leschten €“ 3 mol ëmgedréit ginn. Fir Familljen mat vill Kanner ass et esouguer esou schwéier eng Wunneng ze fannen esou dass se dacks an d’Ausland wunne ginn.

 

Déi Suen déi eng „Mëttelschicht» ab engem gewësse Revenue iwwert Steier Mesuren zeréck géif kréien brauch déi Suen net. Fir déi aus der Mëttelschicht, déi ënnert esou engem Revenue léien bréngen déi Mesuren net vill. Vun deene Léit déi mol net zur Mëttelschicht gehéieren kënne mir mol net schwätzen. Eng Definitioun vun enger « Mëttelschicht » gëtt et leider net ; déi eng mengen mat 100.000€ wier een nach dobäi, déi aner soen dass e mat 50.000€ schonns net méi dozou gehéiert.

 

Dofir, de SteierIwwerschoss vun 2023 soll an Bau Moossnamen investéiert ginn. Duerch esou Bau Mossnahmen géif den Drock um LokatiounsMarchée méi kleng. esou dat do d'Loyer’en och kéinten erof goen. De Bausecteur géif ganz vill dovun profitéieren.

Mat ( engem Deel vun ) de Suen aus deem Loyer kann een weider an Haiser / Appartementer investéieren.

An engem Staat dat sech dat Wuert “sozial” op de “Fändel” geschriwwen huet muss eng “Mëtteschicht” sech och mol solidaresch weisen mat de sozial Schwaachen an op eppes verzichten.