Public n°2176

Petitioner: Sacha André

Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

Purpose of the petition

De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an ... more

Reasons for the petition

Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, ... more

ended  03.03.2022
509 /4.500
11%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
23.05.2022

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
18.05.2022

The public petition n°2176 is closed on 18-05-2022

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

31.03.2022

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

30.03.2022

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2176, on 30-03-02022 - Number of signatures after validation: 509

30.03.2022

Validated electronic signatures: 509

04.03.2022

The period for signing the public petition n°. 2176 is closed on 04-03-2022 - Number of electronic signatures before validation: 509

24.01.2022

Statement of admissibility

21.01.2022

The public petition n°2176 is open for signature, on 21-01-2022

19.01.2022

The public petition n°2176 is declared admissible by the Conference of Presidents on 19-01-2022

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 21-01-2022 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 03-03-2022 at 11:59 p.m.

19.01.2022

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2176, on 19-01-2022

Opinion of the Committee on Petitions: positive

05.01.2022

The petition public n°2176 is submitted the 05-01-2022

Title of the petition: Fir een Déierekierfecht zu Lëtzebuerg

Aim of the petition: De Respekt vis-à-vis vum Déiere geet iwwert Liewenszäit eraus a muss och am Doud bestoe bleiwen. Zu Lëtzebuerg gëtt et selwer keng Offer en Déier an allen Éieren ze begruewen. Mat engem Déierekierfecht géif et och zu Lëtzebuerg eng Méiglechkeet ginn en Déiere éierevoll a legal ze begruewen an eng Plaz fir ze traueren ze hunn.

Motivation of the general interest of the petition: Déiere gehéiere fir vill Mënschen zur Famill. Wann en Déier stierft bleift de Mënsche momentan just d'Anäscherung an d'Urn Heem ze huelen oder de Gang an d'Ausland fir et do op engem Déierekierfecht ze begruewen. En Déierekierfecht ka Mënschen eng immens psychologesch Hellefstellung sinn, well se en Uert hunn fir ze traueren an se hiert Déier an allen Éieren begruewe kennen. Och bleift di Plaz um Kierfecht als Trauerplaz esoulaang erhalen, wéi een dat well. Zudeem kennen d'Mënschen d'Plaz esou gestalte wéi se wëllen, natierlech am Respekt vu gewësse Reegelen.

 

Den Déierekierfecht zu Tréier oder zu Saarbrécke weisen, dass eng Demande och besteet an en Déierekierfecht genotzt gëtt wann een d'Méiglechkeet huet. Zudeem kënnt d'Schafe vun engem Déierekierfecht verhënneren, dass Déieren egal wou begruewe ginn, och wann dat net legal ass.

 

Mam Déiereschutzgesetz vun 2018 gëtt d'Déier als Liewewiesen unerkannt. D'Schafe vun engem Déierekierfecht wier ganz am Sënn vun deem Gesetz, wëll domadder de Respekt virum Liewewiesen iwwert seng Liewenszäit eraus visibel gëtt.

 

En Déierekierfecht kann och eng flott gestalte Gréngzon schafen, déi fir de Public accessibel ass.