Public n°2035

Petitioner: Luc Deitz

Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

Purpose of the petition

Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden. Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun. Auszuch aus dem Artikel 114: « Le texte adopté en première lecture par la ... more

Reasons for the petition

D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt. Et ass awer leider esou, dass déi aktuell ... more

ended  29.11.2021
1711 /4.500
38%
registered signatures

Share petition

The steps of this petition

Icon process
11.03.2022

Closing statement

Déclaration de clôture Déclaration de clôture
02.03.2022

The public petition n°2035 is closed on 02-03-2022

Reason for closure: Demande concernant le reclassement en pétition ordinaire restée sans suite

14.12.2021

Request concerning the continuation of the petition as an ordinary petition

14.12.2021

The threshold of 4500 signatures is not reached for the public petition n°2035, on 14-12-02021 - Number of signatures after validation: 1711

14.12.2021

Validated electronic signatures: 1711

30.11.2021

The period for signing the public petition n°. 2035 is closed on 30-11-2021 - Number of electronic signatures before validation: 1711

19.10.2021

The public petition n°2035 is open for signature, on 19-10-2021

18.10.2021

Statement of admissibility

14.10.2021

The public petition n°2035 is declared admissible by the Conference of Presidents on 14-10-2021

Admissibility: admissible

Start date of the signature period: 19-10-2021 at 0:00 a.m.

End date of the signature period: 29-11-2021 at 11:59 p.m.

13.10.2021

The Committee on Petitions issued an opinion positive regarding the public petition n° 2035, on 13-10-2021

Opinion of the Committee on Petitions: positive

04.10.2021

The petition public n°2035 is submitted the 04-10-2021

Title of the petition: Fir ee Referendum iwwert déi nei Verfassung online kënnen ze froen

Aim of the petition: Dës Petitioun freet, eng Méiglechkeet anzeféieren, fir eng Referendumsprozedur och iwwert de Wee vun enger Online-Ënnerschrëft kënnen anzeleeden.

Si baséiert op dem Artikel 114 vun der aktueller Constitutioun.

Auszuch aus dem Artikel 114:

« Le texte adopté en première lecture par la Chambre des députés est soumis à un référendum, qui se substitue au second vote de la Chambre, si dans les deux mois suivant le premier vote demande en est faite soit par plus d'un quart des membres de la Chambre, soit par vingt-cinq mille électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives. »

Déi « électeurs inscrits sur les listes électorales pour les élections législatives », déi esou e Referendum wéilte froen, sollen dat also virum zweete Vote an der Chamber och op elektroneschem Wee kënne maachen, ouni dass si sech - wéi dat de Moment nach virgesinn ass - perséinlech mussen op hier Gemeng deplacéieren, fir sech do an enger Lëscht anzeschreiwen.

 

Motivation of the general interest of the petition: D'Constitutioun regelt d'Zesummeliewe vun de Bierger am Land a geet dowéinst all Mensch eppes un. Nëmmen ee Referendum ka garantéieren, dass déi geplangten nei Constitutioun an all hire Punkten och vun enger Majoritéit vun de Bierger matgedroe gëtt.

Et ass awer leider esou, dass déi aktuell Referendumsprozedur nach ëmmer virgesäit, dass déi Leit, déi ee Referendum wéilten ufroen, duerfir selwer musse physesch op eng Gemeng goen, fir do hir Ënnerschrëft op Pabeier ofzeginn.

Dëst ass net nëmmen eng ëmständlech, mee och eng partiell diskriminéierend Prozedur, wann een un déi vill Bierger denkt, deenen et aus verschiddene Grënn (z.B. Mobilitéits- an Altersgrënn, Openthalt am Ausland, Aarbechtszäite vun de Gemengeverwaltungen ...) net oder nëmme ganz schwéier méiglech ass, sech perséinlech op hier Gemeng ze deplacéieren. Si kréie vu vir eraus d'Méiglechkeet geholl, ee Referendum iwwerhaapt ze froen, och wa si dat wéilten.

Nun huet sech souwuel am Kader vun där ugestriefter administrativer Vereinfachung wéi och am Kontext vun där dacks gewënschter méi direkter, partizipativer, bottom-up Demokratie de Moyen vun der elektronescher Ënnerschrëft an de läschte Joeren (z.B. am Kader vun der Ënnerstëtzung vun den ëffentleche Petitiounen an der Chamber) duerchaus bewäert.

Och a villen anere Beräicher encouragéiert d'Regierung d'Bierger dozou, reng administrativ Démarchen ëmmer méi op elektroneschem Wee ze maachen (z.B. iwwer myguichet.lu).

Wëll d'Demande, ee Referendum ze organiséieren, an engem éischte Schrack eng reng administrativ Démarche ass, gëtt et kee gudde Grond, grad bei esou engem wichtegen Thema de Bierger keng Méiglechkeet ze ginn, fir dës Demande online kënnen ze maachen. Au contraire misst all « électeur inscrit », och wann hien de Moment z.B. am Ausland lieft oder sech aus anere Grënn net deplacéiere kann, gläichberechtegt d'Méiglechkeet kréien, seng demokratesch Rechter auszeüben an d'Demande no engem Referendum iwwert d'Verfassung kënnen ze ënnerstëtzen.