A position statement is requested on the ordinary petition n°1912, on 19-07-2021
Minister(s) : Monsieur Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d'Etat null
Petitioner: Eulecia Monteiro Gomes
Moïen, Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit. Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt. Iwwerall wou ech higinn sin ech ... more
Minister(s) : Monsieur Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre d'Etat null
Admissibility: admissible
Title of the petition: Pétitioun fir een onverwiesselbaren an eenzegaartegen Fändel
Aim of the petition: Moïen,
Ech sin ganz frou Iech ze kontaktéieren fir eng Saach déi mir scho laang um Häerz läit.
Ech sin zu Lëtzebuerg gebuer vun kapverdianesch Elteren an hei opgewuess. Ëmmer extrem houfreg op dëst Land an ÉIWEG dankbar fir alles wat ët mir bréngt.
Iwwerall wou ech higinn sin ech ëmmer ganz frou wann ech e Lëtzebuergeschen Fändel gesin.
Ech hun awer ëmmer d’gefill dass den nationale Fändel dem Land säin Image a sengem Rang net entsprëcht.
Mir hu bei munnech Events e lëtzebuergesche Fändel mam Roude Léiw. Dëse Fändel ass prächteg, majestéitesch awer virun allem eenzegaarteg!
Dëse Fändel mécht et méiglech et gutt z'ënnerscheeden vun deem vun anere Länner déi ganz ähnlech Fändelen hunn.
An zousätzlech géif et wierklech den Touch vun Originalitéit an Adel ginn daat d'Land méi verdéngt wéi jee.
Dën “Made in Luxembourg” verbreet sech ëmmer méi. Mir sinn etlech déi ganz houfreg sin lëtzebuergesch produkter ze konsuméieren an d’Land ze promoten iwwerall wou mir ginn.
Et ass eppes eenzegaarteg iwwer dëst Land daat ech trotz ville Reesen soss néierens fannen.
Also sin ech der Meenung dass d’Land ët och verdéngt en eenzegaartege Fändel ze hunn deen ët gutt duerstellt.