Öffentliche n°2007

Petitionär/in: Gérard Koneczny

E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

Ziel der Petition

Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst. Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach. Et wier e ... mehr

Beweggründe für die Petition

D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren. Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn: - Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche ... mehr

abgelaufen  08.11.2021
18645 /4.500
100%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
25.11.2021

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 2007 fand am 25-11-2021 statt

17.11.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2007 hat am 17-11-2021 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht

17.11.2021

Gültige Papier- Unterschriften: 833

17.11.2021

Gültige Online-Unterschriften: 17812

09.11.2021

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2007 ist am 09-11-2021 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 18579

28.09.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2007 kann ab dem 28-09-2021 unterschrieben werden

28.09.2021

Zulässigkeitsbescheid

24.09.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2007 wurde am 24-09-2021 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 28-09-2021 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 08-11-2021 um 23:59

22.09.2021

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 22-09-2021 betreffend die Petition Nr. 2007 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

17.09.2021

Die öffentliche Petition Nr. 2007 wurde am 17-09-2021 eingereicht.

Titel der Petition: E Referendum iwwert ons Verfassungsreform

Ziel der Petition: Ziel vun dëser Petitioun ass dat d'REGIERUNG oder d'CHAMBER e Referendum iwwer d'Verfassungsreform organiséiere soll, an domat d'Wieler iwwer déi nei Verfassung décidéiere léisst.

Déi dräi Koalitiounsparteien, d'CSV an d'ADR haten esou e Referendum virun de Wahlen 2018 versprach.

Et wier e Vertrauensbroch, wann d'Koalitiounsparteien hiert Verspriechen net géifen anhalen. Wei kéint een denen dann nach trauen?

De Lëtzebuerger Wieler soll am Detail an objektiv erkläert kréien wat sech duerch déi Verfaassungsreform ännert. Dëst an den 3 ofizielle Sproochen.

 

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: D'Verfassung betrëfft déi ganz Populatioun an all Wieler, an ass dat wichtegst Gesetz am Land. Eng Ännerung vun der Verfassung kann eist Land grondleeënd veränneren.

Beispillsweis sollen hei just e puer Theme genannt ginn:

- Politesch Staatsziler: - Duerch d'Aschreiwe vu politesche Staatsziler ass de Risiko verbonnen, datt biergerlech Grondrechter ageschränkt ginn.

- Dérogation non excessif: - Wéi ass dee Begrëff "dérogation non excessive " beim Aussetzen vun Verfaassungsrechter ze interpretéieren?

- Monarchie: - De Lëtzebuerger soll entscheeden op en eng Reform vun der Monarchie wëll an op dëss nei Verfassung net a Richtung vun enger schrëttweiser Ofschafung vun der Monarchie duerch d'Hannerdier wëll goen. Mir erënneren eis un de Referendum vun 1919!

- D'Rechter vun der Famill a vun de Kanner: - De Lëtzebuerger Wieler soll kënnen entscheeden, ob en de Schutz vun der Famill an der mënschlecher Persoun duerch déi nei Verfassung wëll änneren oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden, ob déi nei Verfassung d'Rechter vun de Kanner an d'Recht vun den Elteren fir hir Kanner selwer ze erzéien genuch schützt oder net. - De Lëtzebuerger soll entscheeden op et e "Recht op e Kand" soll ginn an ob d'Recht op d'Liewen net och misst an der Verfassung stoen.