Öffentliche n°2566

Petitionär/in: Carla Carvalho Almeida

Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants. Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Ziel der Petition

D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn. Am Moment ass d'Method fir ... mehr

Beweggründe für die Petition

An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn. D'Schoul spillt ... mehr

abgelaufen  27.02.2023
4753 /4.500
100%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
28.03.2023

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 2566 fand am 28-03-2023 statt

10.03.2023

Gültige Papier- Unterschriften: 114

10.03.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2566 hat am 10-03-2023 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht

10.03.2023

Gültige Online-Unterschriften: 4639

28.02.2023

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 2566 ist am 28-02-2023 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 4697

17.01.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2566 kann ab dem 17-01-2023 unterschrieben werden

16.01.2023

Zulässigkeitsbescheid

12.01.2023

Die öffentliche Petition Nr. 2566 wurde am 12-01-2023 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 17-01-2023 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 27-02-2023 um 23:59

11.01.2023

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 11-01-2023 betreffend die Petition Nr. 2566 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

22.12.2022

Die öffentliche Petition Nr. 2566 wurde am 22-12-2022 eingereicht.

Titel der Petition: Pour un enseignement axé sur les besoins de nos enfants.

 

Fir en Enseignement deen d'Besoinen vun eisen Kanner wouer hëlt.

Ziel der Petition: D'Haaptzil vun der Petitioun ass d'Zuel vun de Kanner pro Klass an der Grondschoul ze reduzéieren. Et ass wichteg, dat den Titulaire sein Unterrecht esou kann gestalten, dat hien den Bedürfnisser an den individuellen Ënnerscheeder vun den Kanner kann gerecht ginn.

Am Moment ass d'Method fir d'Schoulorganisatioun déi vum Contingent. Dës Method ass ganz komplex a mécht et leider net ëmmer méiglech d'Klassen an enger Schoulorganisatioun esou ze gestalten dat d'Klassen eng harmonesch Klassegreisst hunn. Dës Petitioun soll also ouni Ausnamen d'Klassegréisst op maximal 16 Schüler pro Klass reduzéieren.

D'Gréisst vun enger Klass ass e wesentleche Faktor fir en qualitativ

héichwäertegen Unterrecht.

Dobäi soll d'Petitioun och d'Organisatioun vum Cycle 1 nei iwwerdenken. Wéi am Precoce soll den Titulaire mat engem Educateur zesummen schaffen fir ob d'Bedürfnisser vun den Kanner kennen anzegoen an déi wësentlech Ënnerscheeder an déier Altersspalt (4-6Joer) kennen obzefänken.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: An deene 16 Joer wou ech mat Kanner schafen hunn ech bedeitend Ännerungen an der Betreiung bemierkt. D'Entrée an d'Crèche geschitt ëmmer méi fréi a dëst och fir méi laang Perioden. Als Resultat schéngt d'Famill net méi déi eenzeg Plaz vun der primärer Sozialiséierung ze sinn.

D'Schoul spillt eng wesentlech Roll an deene verschidde Léierprozesser vun de Kanner. Et ass net nëmmen eng Iwwerdroung vu Wëssen. D'Roll vun den Enseignanten huet sech an der leschter Zäit staark verännert. Et ass also wichteg dat d'Enseignanten an hierer Aufgab esou gutt wéi méiglech ënnerstëtzt ginn. Et soll een Aarbechtskonditioune schafen déi et erméiglechen d'Erausfuerderungen am Alldag ze meeschteren.

Zu dësen Zäiten ass et wichteg déi pedagogesch Approchen an d'Moyenen an eisem Schoulsystem ze iwwerpréiwen. Wa mir Kanner an hiren Léierprozesser wëllen ënnerstëtzen, musse mir e System opbauen, dee d'Besoinen vun den Kanner wouer hellt an och kann gerecht ginn.

 

D'Aféieren vum Contingent huet den Educatiounssecteur éischter ënnergruewen wéi gestäerkt. Et ass wichteg e Kader ze setzen deen eng méi individuell Approche erlaabt.

D'Fro déi sech stellt ass och ob den Manktem un qualifizéiertem Schoulpersonal net och un deenen aktuellen Aarbechtskonditiounen leit?