Öffentliche n°1156

Petitionär/in: Mike Clemens

Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Ziel der Petition

D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Beweggründe für die Petition

Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat ... mehr

abgelaufen  31.01.2019
6562 /4.500
100%
gesammelte Unterschriften

Petition teilen

Verlauf dieser Petition

Icon process
08.01.2020

Ein Meinungsaustausch fand am 08-01-2020 betreffend die öffentliche Petition Nr. 1156 statt

Sitzungsprotokolle Sitzungsprotokolle
27.11.2019

Ein Meinungsaustausch fand am 27-11-2019 betreffend die öffentliche Petition Nr. 1156 statt

Sitzungsprotokolle Sitzungsprotokolle
05.07.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1156 wurde am 05-07-2019 in den Fachausschuss weitergeleitet

Parlamentsausschüsse: Commission de l'Environnement, du Climat, de l'Energie et de l'Aménagement du territoire

05.07.2019

Eine öffentliche Ausschuss-Anhörung betreffend die öffentliche Petition Nr. 1156 fand am 05-07-2019 statt

Sitzungsprotokolle Sitzungsprotokolle
14.02.2019

Gültige Online-Unterschriften: 6562

14.02.2019

Die öffentliche Petition Nr. 1156 hat am 14-02-2019 das Quorum von 4500 gültigen Unterschriften erreicht

31.01.2019

Die Frist zum Unterschreiben der öffentlichen Petition Nr. 1156 ist am 31-01-2019 abgelaufen - Zahl der Online-Unterschriften vor Überprüfung: 6752

20.12.2018

Die öffentliche Petition Nr. 1156 kann ab dem 20-12-2018 unterschrieben werden

20.12.2018

Zulässigkeitsbescheid

17.12.2018

Die öffentliche Petition Nr. 1156 wurde am 17-12-2018 von der Präsidentenkonferenz für zulässig erklärt

Zulässigkeit : zulässig

Beginn der Unterschriftsphase : 20-12-2018 um 0:00

Ende der Unterschriftsphase : 31-01-2019 um 23:59

13.12.2018

Das Gutachten des Petitionsausschusses vom 13-12-2018 betreffend die Petition Nr. 1156 fällt positiv aus

Gutachten des Petitionsausschusses : positiv

23.11.2018

Die öffentliche Petition Nr. 1156 wurde am 23-11-2018 eingereicht.

Titel der Petition: Fir e Verbuet vun der Klappjuegd

Ziel der Petition: D'Klappjuegd soll per Gesetz permanent verbuede ginn.

Gründe für das allgemeine Interesse dieser Petition: Eng Klappjuegd steet am komplette Géigesaz zum Déiereschutz an ass net méi zäitgeméiss. En Déier ass keng Saach a sollt mat Respekt behandelt ginn. Bei enger Klappjuegd entsteet onnéidege Stress fir déi Déieren, well si virum Kaméidi flüchten. Wann en Déier a Beweegung ass, erschwéiert dat dem Jeeër d'Uviséieren a verréngert d'Zilgenauegkeet entspriechend. Ganz oft ginn d'Déieren esou net direkt ëmbruecht, sondern just ugeschoss a mussen doduerch e laange qualvollen Doud stierwen. Dat ass an eiser ziviliséierter Gesellschaft net méi ze vertrieden.

Den 23.11.18 si bei enger Klappjuegd eng ganz Rei Wëllschwäin op d'A7 gedriwwe ginn. Do ass grob fahrlässig gehandelt ginn, well d'Konsequenze vun der Klappjuegd stellen an dësem Fall e geféierlechem Agrëff an de Verkéier duer a bedreeën d'Sécherheet vun all Mënsch deen zu deem Zäitpunkt op der Plaz ënnerwee ass. Wat geschitt wann ee mat 130km/h en 100kg schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka jiddereen sech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall ginn et Doudeger ze bekloen. A wien iwwerhëlt an esou engem Fall d'Verantwortung? Dëse Fall ass bei Wäitem net deen eenzegen, bei deem en Déier duerch eng Klappjuegd op eng Strooss gelaf ass. Viru kuerzem gouf et en ähnleche Fall am Mëllerdall, wou en ugeschossent Wëllschwäin d'Strooss gekräizt huet.

Fir onnéideg Déierequälerei ze vermeiden an d'Sécherheet vun all Automobilist ze garantéieren, appelléieren ech un d'Regéierung, fir der Klappjuegd per Gesetz en Enn ze setzen.